INTERNATIONALEN „BIKER –WEEKEND“ 2018 ZOU MÜNSTER (D)

image_pdfimage_print

INTERNATIONALEN „BIKER – WEEKEND“ 2018

 ZOU MÜNSTER (D)

Vum 27. Juli 2018 bis den 29. Juli 2018 hun Memberen an Frënn vun der IPA-NORD um internationalem „Biker-Weekend 2018“ zou MÜNSTER an Däitschland / Nordrhein-Westfalen deel geholl.

Den Depart ass; wéinst den heegen Summertemperaturen moies freie kuerz no 06:00 Auer an der Houschterdéckt; nodeems d’Motorrieder nach ob der Pompel opgetankt ginn sinn, geholl ginn. Et ass dunn lass gaangen Richtung däitsch Grenz an dunn sinn mir eng schéin Streck, déi den Misch geplangt hat, duerch d’Eifel an duerno duerch den Westerwald an wieder erop ob MÜNSTER, gefuer.

Virun der Reihnstaat KOBLENZ sinn mir dunn mam Moto ob eng Fär gefuer fir ob di aner Säit iwwersetzen. Wéinst den därmoossen héijen Temperaturen bis zou 40 ° ob der Anzeig waren mir alleguerten froue ewéi mir eist Ziel zou MÜNSTER um Site erreecht haten:

Landesamt für Ausbildung, Fortbildung und Personalangelegenheiten der Polizei NRW”.

Un sech ass et eng Policekasär wou och niwt der Schoul normal Aussendëngschtpolizisten,

en MEK & SEK; mobilen Asazkommando an Sonderasazkommando stationéiert sinn.

Freideg owes huet dunn en Disk-Jockey wärend dem Grillfest fir gutt Stëmmung gesuergt.

Samschdeg den 28. Juli hunn mir un der Visitt – guidée, gefuert duerch en pensionéierten Polizeikollege vun der MÜNSTER – POLIZEI und der Visitte vun der all Staat MÜNSTER deelgeholl.

Münster an Westfalen huet den Setz vun der Bezierksregierung mam selwechten Numm vum Bundesland Nordrhein-Westfalen. Mat 55.000 Studenten gehéiert Münster zu den 10 gréissten Universitéitsstied an DÄITSCHLAND.  Bekannt ass Münster als Velosstaat esou wie fir di nom zweeten Weltkrich zum Deel opgebauten historesch Aaltstaat.

Ewéi gesot sinn mir duerch d’Aalstaat gefuert gin wou mir Folgendes besicht hunn:

Historisches Rathaus, Prinzipalmarkt, Stadthausturm am Prinzipalmarkt, Prinzipalmarkt mit Lambertikirche, St.-Paulus-Dom an den Samsdegsmaart.

Metteg as ob enger schéiner Terrasse vun engem historeschen Restaurant am Kär vun der Aalstaat gemaach gin. Duerno ass et nees zeréck an d’Kasär gaangen. Owes huet eng Coverband: „THE DANDYS“ mat Livemusek fir gudd Stëmmung gesuergt. Sonndes moies no guddem Kaffisbuffet ass et dunns nees lues awer sécher mat manner heegen Temperaturen zeréck Richtung LËTZEBUERG gaangen. Mir sinn dunn laanscht d’hollännesch Grenz erof Richtung EIFEL gefuer. Nodeems mir alleguer nees guttdoheem ukomm waren hunn mir eis nach fir den Week-End mat engem gudden Iessen ofzeschléissen beim „Roy & Lynn“ ob der Buerschenter Millen getraff.

boot

Zoufällegerweis sinn mir bei der Iwwerfahrt vum RHEIN vun engem Boot vun der Wasserschutzpolizei eskorteiert ginn.

2

 

Das Landesamt für Ausbildung, Fortbildung und Personalangelegenheiten

       3

4

                    Historisches Rathaus

5

                        Prinzipalmarkt mit Lambertikirche

6

            Stadthausturm am Prinzipalmarkt

 7

8

  St.-Paulus-Dom mat enger uraaler scheiner Auer

9

                          Historisches Rathaus

10

Historeschen feinen Restaurant zum „Kiepenkerl“ an der Aalstaat MÜNSTER ewou mir gudd zou Mëtteg giess hun.

 

 Grillparty mat Live Coverband „THE DANDYS“, hei ze gesinn den MISCH mat IPA- Kollegen vun SAARBRËCKEN.

„THE DANDYS“ haten fir gudd Stëmmung während dem Owend gesuegt.

 Eng kleng Gedrenkspaus ob dem retour duerch d‘Eifel

 

Gruppenfoto vun den Motocyclisten dei un dem Moto’s- Tour an Treffen deel geholl hun:

vun lenks no riets: den REINERS Mike, MAQUIL Misch, MILLER Mike,

dem Misch seng Madame, d’Christa, den BOUS Guy, den Pol an d’Mireille.

Ersten Kommentar schreiben

Antworten